oben
links
rechts
Joomlafiles
Accueil
Kontakt
Links
Sichen
Aktivitéitskalenner
« < September 2010 > »
Mo Di Mi Do Fr Sa So
30 31 1 2 3 4 5
6 7 8 9 10 11 12
13 14 15 16 17 18 19
20 21 22 23 24 25 26
27 28 29 30 1 2 3
Landwirtschaftsberodung Landwirtschaftsberodung
CEJA CEJA
IFYE - Farm Youth Exchange IFYE - Farm Youth Exchange
Downloads
Billergalerie

Lëtzebuerger DUERF

 

Weider Informatiounen zu eiser Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend  - Jongbaueren a  Jongwënzer fannt dir op de Säiten 7 - 11 am Lëtzebuerger Duerf. D'Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d'Säiten 2 - 6 zoustänneg ass.

D'Lëtzebuerger Duerf kënnt dir bestellen um Tel: 44743 - 252 oder iwwer E-mail: Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spam-Bots geschützt, Sie müssen Javascript aktivieren, damit Sie es sehen können
Joresabonnement: 12,00 €


 

Festbroschüre zum 75. Gründungsjubiläum
der LJB & JW
 

 

Die Festschrift wurde aus Anlass zum 75. Gründungsjubiläum (2003) der Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer herausgegeben. Sie geht nicht nur auf wichtige Ereignisse in der Verbandsgeschichte ein, sondern beinhaltet auch einen Überblick über die agrarpolitischen Akzente und den Strukturwandel in der Luxemburger Lanswirtschaft innerhalb der Jahre 1978 - 2003.

Die wertvolle Broschüre ist weiterhin verfügbar und kann bestellt werden: Tel. 44743 - 252

 
 
 
De Bauer an de Buedem PDF
Beitrag zum Thema "Erde" vum Bulletin ERWUESSEBILDUNG vum Info-Video-Zenter
 
De Bauer an de Buedem

 

 Interview mat dem Tom Leonardy, Prësident vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer
(Oktober 2002 - Abrëll 2007)

 
Tom, du bass ee jonke Bauer, deen duerch säi Beruff enk mat dem Buedem verbonnen ass. Wat bedäit de Buedem fir Dech?

De Buedem ass d’Grondlag fir d’Produktioun vun alle Liewensmëttel an dowéinst immens wichteg.

Zu Lëtzebuerg ass de Bauterrain immens déier. Wéi ass d’Evolutioun vum Präis vum Akerland zu Lëtzebuerg?

Duerch déi fortschreitend Verbauung vu wertvollem Land gëtt déi landwirtschaftlech Notzfläch immens reduzéiert. Nieft de Gedanken, déi een sech a Punkto Ëmwelt maache muss, huet et fir de Bauer als Konsequenz, datt d’Akerland ëmmer méi deier gëtt.

An der Öffentlechkeet kënnt heiansdo d’Bild vum Bauer riwwer, deen de Buedem mat sénge sëllechen Pestiziden verknascht a mat der Gülle den Nitratpegel an d’Luucht dreift. Wéi stees du zu dësem Image?

Mir als Jongbaueren a Jongwënzer wëssen, datt den Image vum Bauer an eiser Gesellschaft leider Gottes net ëmmer positiv ass. De Problem läit op der Hand. Eise Berufsstand mécht net emol méi 2 % vum PIB aus, sou datt mir net méi dat néidegt Gewiicht hunn, fir deem negativen Image entgéint ze steieren.

Gëtt een an der Akerbauschoul forméiert, fir schounend mat dem Buedem ëmzegoen?

Am Lycée Technique Agricole kritt een d’Grondkenntnisser iwwer d’Struktur vum Buedem vermëttelt a fir schounend mam Buedem ëm ze goen. Folgend Themen gi hei beliicht: Erosiounsschutz, Buedemanalysen, Humusbilanz, …

 A wéi fern ass d’Struktur vum Buedem an deene verschiddene Géigenden vun eisem Land haut nach massgebend fir de Rendement am Akerbau?

Iwwer dat ganzt Land ass d’Produktivitéit vum Buedem garantéiert. All Buedem an deene verschiddene Regiounen vum Land huet séng Eegeschaften. Bei der Beaarbechtung muss deemno der Buedemstruktur aus der Géigend Rechnung gedroe ginn. Eng gezielte Buedemveraarbechtung ass de Garant vun engem gudde Rendement am Akerbau.

Wouranner gesäiss Du déi gréisst Erausfuederung an der Zukunft fir een Akerbauer?
  

D’Zukunft vum Akerbau hei zu Lëtzebuerg läit doran, de Konsumenten qualitativ héichwäerteg Produkter kënnen unzebidden an dat zu engem faire Präis, ouni datt de Produzent ze kuerz kënnt.

Wéi steet Aer Jugendorganisatioun zu den OGMen?

Et ass méiglech, datt déi grouss Inconnu’en bei den OGMen an der nächster Zukunft zum Virschäin kommen. Dat bréngt mat sech, datt bei äis eng gewësse Skepsis besteet.

D’Jongbaueren a Jongwënzer sinn jo och aktiv an der Entwécklungshëllef. Gräift Dir bei Aerer Aarbecht och do d’Problematik vun dem Schutz vun de Biedem op?

Jo, eis ONG Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération ënnerstëtzt am Burkina Faso Projet’en mat einheimesche Baueren, déi de Kampf géint Désertificatioun zum Ziil hunn. Mat relativ einfache Methoden  ass et méiglech géint d’Buedemerosioun an d’Verdichtung vun de Biedem virzegoen an de Baueren mat hiere Famille nees bessert Akommes ze garantéieren.

Huet Aeren Engagement an den Entwécklungslänner ee Bezog zu aerer Aarbecht als Baueren hei zu Lëtzebuerg.

Mir peilen 50 Joer Entwécklungshëllef unn. D’Pionéier dervun hunn aus der Erkenntnis gehandelt, dass de Bauer als den traditionellen Ernährer vun der Bevölkerung net nëmmen eng Verantwortung vis-à-vis vun den eegene Leit huet, mee och fir Menschen a Nout. Dës Asiicht, gekoppelt mat der chrëschtlecher Motivatioun zur Nächsteléift, gëllt och nach haut bei eise Memberen. Entwécklungshëllef ass fir äis keen Accessoire mee een integrale Bestanddeel vun eise Verbandsaktivitéiten, déi vun eise lokale Gruppen gedroe ginn.


 
 

LLJ - JB & JW
LLJ
LJB & JW
LJB & JW - SC
Regional Gruppen
Landjugendkalenner 2010
Sponsor vun der

 

Assurance La Luxembourgeoise

 Pressemitteilung: Pferdeversicherung "Ihr Pferd in guten Händen"


 

Lëtzebuerger
Jongbaueren a Jongwënzer
Service Coopération a.s.b.l.

Eis Kooperatiounsprojeten an Afrika

2009-2010


 

50 Joer am Dingscht vun der ländlecher Bevölkerung an Afrika

 Jubiläumsjoer 2009

 

Mat der generéiser Ënnerstëtzung vum

 

 Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural

 

 Haaptsponsor

 

 

Sponsoren  

 
 
 

 
 
 

An Zesummenaarbecht:

 

LTA Ettelbréck

ASTM

Agence interculturelle - ASTI


 

Bei Geleeënheet vun engem Stierffall

 Kondolenzkaart fir ee gudden Zweck

 

Mir weisen drop hinn, datt dir dës Kondolenzkaart bei Geleeënheet vun engem Stierffall bei äis ufroë kënnt. Bannen fannt dir en Text aus dem Johannes-Evangelium (Joh, 12,24): „Wenn das Weizenkorn nicht in die Erde fällt und stirbt, bleibt es allein. Wenn es aber stirbt, bringt es reiche Frucht." 

Bestellung: Tel. 44743 - 252, Fax 44743 - 563, E-mail Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spam-Bots geschützt, Sie müssen Javascript aktivieren, damit Sie es sehen können
Präis pro Kaart: 2,50 € (+ Porto)


 

Copyright © by joomlafiles.de - All Rights Reserved.