 |
|
Lëtzebuerger DUERF Weider Informatiounen zu eiser Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend - Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säiten 7 - 11 am Lëtzebuerger Duerf. D'Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d'Säiten 2 - 6 zoustänneg ass.
D'Lëtzebuerger Duerf kënnt dir bestellen um Tel: 44743 - 252 oder iwwer E-mail:
Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spam-Bots geschützt, Sie müssen Javascript aktivieren, damit Sie es sehen können
Joresabonnement: 12,00 € |
|
Festbroschüre zum 75. Gründungsjubiläum der LJB & JW  Die Festschrift wurde aus Anlass zum 75. Gründungsjubiläum (2003) der Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer herausgegeben. Sie geht nicht nur auf wichtige Ereignisse in der Verbandsgeschichte ein, sondern beinhaltet auch einen Überblick über die agrarpolitischen Akzente und den Strukturwandel in der Luxemburger Lanswirtschaft innerhalb der Jahre 1978 - 2003.
Die wertvolle Broschüre ist weiterhin verfügbar und kann bestellt werden: Tel. 44743 - 252 |
|
|
| |

|
|
|
|
D’Grupp Zuucht vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer (LJB&JW) invitéiert ganz häerzlech op hieren
28. Concours National du Meilleur Juge um Zuuchtbetrib Carlo Bosseler zu Lampech e Sonndeg, den 12. September 2010 vun 11:00 Auer un Programm |
|
|
D’Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer Maacher a.s.b.l invitéiert häerzlech op de Fendt – Rabe – Marathon e Samschdeg, den 18. September 2010
um 13:30 Auer beim Robert Tibesart um Mëchelshaff D’Jongbaueren bestreiden e Concours mat Buedembeaarbechtungsmaschinnen géint d’Reesender vum Verband Group. Doniewent presentéieren Rabe a Fendt hir Palette vu Maschinnen, mam Fokus op deen neie Fendt 939. De ganze Mëtteg iwwer ass fir Kanneranimatioun gesuergt: Trakterparcours, Face-Painting,… Nom Concours ass nach laang net Schluss. Um Gëss-de-Mëllech-Bal mam Disco-Team Delta gëtt d’Miss-Mëllech gewielt. Den Ufank vum Miss-Mëllech-Contest ass fir 22:30 Auer programméiert. Flyer |
|
|
Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l. Jour de fête à Imasgo D’Aweiung vum Centre technique de l’amélioration de la traction asine (CTAA) um .dok D'ONG Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l. huet am Mäerz 2010 am Burkina Faso e Centre Technique de l'Amélioration de la Traction Asine (CTAA) zu Imasgo am Burkina Faso ageweit. An dësem Centre ginn d'Bauere geléiert, fir hir Iesele besser ze versuergen, gutt ze fidderen a richteg unzespanen. Mat Hëllef vun dësem wichtegen Aarbechtsdéier sollen/kënnen d’Erträg op de Felder vun den einfache Baueren aus de Regioun optimiséiert ginn. E Film vum Jean-Louis Cros um .dok: 18.09.2010 um 19:40 Auer 19.09.2010 um 11:10 Auer 20.09.2010 um 19:00 Auer 21.09.2010 um 19:00 Auer 23.09.2010 um 18:30 Auer |
|
|
Landjugend-Power-Aktioun 2010 D'Editioun 2010 vun der Landjugend-Power-Aktioun konnt vum 4. - 5. September 2010 mat Erfolleg vun de regionale Gruppen vun der Lëtzebuerger Landjugend duerchgefouert ginn. A folgenden Uertschaften waren déi eenzel regional Gruppen um Dill: d’LLJ-Cliärref zu Wäisswampech , d’LLJ-Dikkrich zu Ettelbréck , d’LLJ-Furen zu Houschent , d’LLJ-Maacher zu Waasserbëlleg , d’LLJ–Süden zu Réiser , d’LLJ-Uewersauer zu Wooltz an d’ LLJ-Zenter zu Kietscht.
 RTL-Reportage vum 4. September 2010 |
|
hei méi Informatiounen …
|
|
|
Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer - Service Coopération a.s.b.l. Randonnée Edy Schütz E Velostour fir e gudden Zweck Den 1. August 2010 huet den Organisatiounskomitee an Zesummenaarbecht mam Club cycliste „Velo Wooltz“ op hir traditionnell Randonnée Edy Schütz op Wooltz agelueden. Niewent hirer Leidenschaft fir de Velo, hunn d’Coureuren sech gläichzäiteg fir e gudden Zweck agesat. Den Erléis vun der Randonnée 2010 geet deemno un de Projet Naturnoen a kannerfrëndleche Schoulhaff vun der Eltere-Vereenegung vun der Primärschoul Wooltz an un eis ONG. Um Expo-Stand vun eiser Associatioun an der Primärschoul zu Wooltz, konnten déi Intresséiert sech iwwer d’Kooperatiounsaarbecht am Interessi vum Bauerestand an Afrika informéieren. Mat Begeeschterung huet de Project-Manager Marcel Scheidweiler hinnen d’Aarbecht vun der ONG méi no bruecht. Op de Ravi-Stänn hunn eis Memberen Carlo Schiltges (zu Wäisswampech), Edouard Kickert a Franz Glodt (zu Siwwenaler) eng Hand mat ugepakt. E spezielle Merci geet un d’Famill Bourggraff an un déi Verantwortlech vun der Amicale vu Siwwenaler, déi d’Vertrieder vun der ONG esou häerzlech opgeholl a wonnerbar bekäschtegt hunn. Dem Organisatiounskomitee vun der Randonnée Edy Schütz an de Verantwortleche vum Club cycliste „Velo Wooltz“ dréckt de Verwaltungsrot vun der ONG ee ganz grousse Merci aus, fir dee wonnerbare Geste vu Solidaritéit mat der mannerbemëttelter Landbevölkerung am Burkina Faso. Fotoen Fotoen um Site vun der Amicale Siwwenaler
|
|
|
Lëtzebuerger Landjugend Süden D'Gewënner vun der Tombola vum Scheierfest
vum 17. Juli 2010 1. Präis: 0764 ; 2. Präis : 0026 ; 3. Präis : 0651 - D'Gewënner kënnen sech mam Jeannot Wilwert a Verbindung setzen, um Tel. 691 533 820 - |
|
|
Lëtzebuerger Landjugend - Jongbaueren a Jongwënzer Eis Presidenten an der Presse |
|
|
Lëtzebuerger Landjugend Jiddereen ass wëllkomm Nom Remy Harpes sengem laangjäregen Engagement als President vun der Landjugend, ass d’Carmen Schiltz am Mäerz 2010 un d’Spëtzt vun eiser Jugend-Organisatioun gewielt ginn  Zënter der dësjähreger Generalversammlung, déi den 9. Abrëll 2010 am Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck ofgehale gouf, huet d’Lëtzebuerger Landjugend (LLJ) eng nei Presidentin an der Persoun vum Carmen SCHILTZ. |
|
hei méi Informatiounen …
|
|
|
D'Lëtzebuerger Landjugend Dikkrich huet den 13. Mee 2010 op den traditionellen Treff vun der Landjugend invitéiert: 36. Landjugenddag 
Och déi 36. Editioun vum Landjugenddag hat nees vill Succès. Op Christi-Himmelfahrt 2010, hu vill Frënn a Sympathisanten vun der Landjugend de Wee op Ettelbréck fonnt. Eng éischte Kéier konnt dëse beléiften Treff vun der Jugend aus dem ländleche Raum an der Bauerestad vun der Dikrecher Landjugend mat der exemplarescher Zesummenaarbecht vun de Verantwortlechen vun der Gemeng Ettelbréck a vu CONVIS organiséiert ginn. Hinne gëllt eise ganz grousse Merci! D'Wuert vum Buergermeeschter vun der Stad Ettelbréck D'Wuert vum President vun der Landjugend Dikkrich
|
|
Jubiläumsbroschürmat Réckbléck a Bild an Toun Den Organisatiounskomitee vum 50. Anniversaire ass houfreg fir de Frënn a Sympathisanten vun eiser Entwécklungszesummenaarbecht, d’Jubiläumsbroschür an den DVD vun der 50jähreger Tätegkeet vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer an Afrika virzestellen. |
|
hei méi Informatiounen …
|
|
| | << Anfang < Vorherige 1 2 Nächste > Ende >>
| |
|

|
Assurance La Luxembourgeoise Pressemitteilung: Pferdeversicherung "Ihr Pferd in guten Händen" |
|
Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer Service Coopération a.s.b.l. Eis Kooperatiounsprojeten an Afrika
2009-2010 
|
|
50 Joer am Dingscht vun der ländlecher Bevölkerung an Afrika Jubiläumsjoer 2009 Mat der generéiser Ënnerstëtzung vum
Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural Haaptsponsor Sponsoren
An Zesummenaarbecht: LTA Ettelbréck ASTM Agence interculturelle - ASTI |
Bei Geleeënheet vun engem Stierffall Kondolenzkaart fir ee gudden Zweck Mir weisen drop hinn, datt dir dës Kondolenzkaart bei Geleeënheet vun engem Stierffall bei äis ufroë kënnt. Bannen fannt dir en Text aus dem Johannes-Evangelium (Joh, 12,24): „Wenn das Weizenkorn nicht in die Erde fällt und stirbt, bleibt es allein. Wenn es aber stirbt, bringt es reiche Frucht." Bestellung: Tel. 44743 - 252, Fax 44743 - 563, E-mail
Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spam-Bots geschützt, Sie müssen Javascript aktivieren, damit Sie es sehen können
Präis pro Kaart: 2,50 € (+ Porto) |
|
|
|  |